38ème Cross Country International annulé

Hei en Statement vum Comité vum CAB:

No ustrengende Wochen an enttäuschenden Deeg wëlle mir puer Wuert zu der Ofsoe vum Cross-Championnat soen déi mir fir de 7te Mäerz geplangt haten.
Als alleréischt ass et ons ganz wichteg all de Benevolen, Infirmière, Dokteren, Jugen, Supporteren an Athlete Merci ze soe fir hiert Engagement a hier Motivatioun an de lëschte Wochen.
Mir sinn, genau esou ewéi vill anerer, extrem enttäuscht datt déi aktuell Situatioun et net soll zouloossen ee Cross-Championnat fir Senioren ze organiséieren.
Déi aktuell Gesetzestexter si sécherlech nëtzlech, wichteg an och richteg.
Wann een dës analyséiert, kann, soll oder muss een sech awer vläicht froe wat de Stellewäert vu verschiddene Sportaarten ass.
Wa mir gesi wei eng Sportaarten aktuell aktiv dierfe Matcher organiséieren a spillen, a mir ënnersträichen hei datt mir absolut näischt do dogéint hunn esou laang Sécherheetsmesure gi sinn, gëtt et ons ze bedenke wat de Stellewäert vun der Liichtathletik ass.
Mat enger Seniorscourse fir Damen an Hären hätte mir de beschte lëtzebuergesche Mëttel- a Laangstreckeleefer no iwwert engem Joer d’Méiglechkeet gebueden de Championstitel am Cross ënnert sech auszemaachen an dës ënnert engem approuvéierte sanitäre Konzept.
Mir akzeptéieren dat mir, no Woche waarden an hoffen, net den neideschen Accord vum Sportsministère an der Federatioun krute fir dëse Cross ze organiséieren, gestinn awer och datt mir dëst net komplett novollzéie kënnen.
De Comité wäert weiderhi motivéiert an engagéiert schaffen an dëst am Sënn vun der Liichtathletik, onsem Veräin an natierlech onsen Athleten.
Schwaarz a giel ee Liewe laang!
De Comité vum CAB